
Aktuell sinn 120 (+7) Persounen hospitaliséiert, dovunner 23 (-2) op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.034 aktiv Infektiounen a 54.935 Persoune gëllen als geheelt.
2.622 Persoune kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 464 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 67.154 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.