Coronavirus zu LëtzebuergVun 9.491 Tester waren der 372 positiv, 10 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt 10 weider Leit, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Am Ganze sinn et elo 283 Doudeger.
© RTL

En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt vun 9.491 Tester der 372 positiv waren.

Aktuell sinn 237 (-5) Patienten hospitaliséiert, dovunner 46 (-1) op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.012 aktiv Infektiounen, 22.189Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: CORONAVIRUS – RAPPORT JOURNALIER

Back to Top
CIM LOGO