Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.809 Tester waren der 132 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 801 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 86 (+0) Persounen hospitaliséiert, dovunner 32 (-1) op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.409 aktiv Infektiounen. 64.943 Persoune gëllen als geheelt.

4.950 Mënsche kruten hir 1. Dosis, fir 2.112 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 227.314 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,80. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO