
Aktuell sinn 236 Patienten hospitaliséiert, dovunner 48 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.417 aktiv Infektiounen, 18.024 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit onverännert bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.