Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.646 Tester waren der 697 positiv, 3 nei Doudesfäll

RTL Lëtzebuerg
E Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm 3 Persounen op 150 geklommen ass.

Dat sinn elo am Ganze 16.356 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 1.039.049 Tester gemaach.

Aktuell sinn 140 Patienten hospitaliséiert, dovunner 21 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,30. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport Journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO