Coronavirus zu LëtzebuergVun 11.742 Tester waren der 794 positiv, 8 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm 8 op elo 206 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 219 Patienten hospitaliséiert, dovunner 38 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 10.209 aktiv Infektiounen, 14.091 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO