Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.835 Tester waren der 710 positiv, 4 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm 4 op elo 171 geklommen ass.
© RTL

Dat sinn elo am Ganzen 20.344 positiv Fäll. Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 1.106.739 Tester gemaach.

Aktuell sinn 225 Patienten hospitaliséiert, dovunner 30 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.110 aktiv Infektiounen, 11.063 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport Journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO