Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.730 Tester waren der 482 positiv, 5 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm 5 op elo 198 geklommen ass.
© RTL

Am Ganze goufe bis elo 23.710 Leit positiv getest, dat bei 1.168.160 Tester, déi gemaach goufen.

Aktuell sinn 208 Patienten hospitaliséiert, dovunner 42 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.417 aktiv Infektiounen, 14.094 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,84. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO