
Aktuell sinn 128 Persounen hospitaliséiert, dovunner 26 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.886 aktiv Infektiounen a 54.528 Persoune gëllen als geheelt.
1.257 Persoune kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 283 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 60.587 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.