
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 195 positiv geteste Persounen. Et goufen 1.903 Tester gemaach.
Dat sinn elo am Ganze 14.399 positiv Fäll.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 1.008.089 Tester gemaach.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et 4.682 aktiv Infektioune gëtt an 9.570 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 114 Patienten hospitaliséiert (dorënner 20 Verdachtsfäll, déi op der normaler Statioun behandelt ginn), 12 Patiente vun den 102 sinn op der Intensivstatioun. Bei de Verdachtsfäll handelt et sech ëm Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Corona-Test waarden.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,520. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.