
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt vun 1.870 Tester der 173 positiv waren.
Aktuell sinn 242 (+14) Patienten hospitaliséiert, dovunner 47 (+2) op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 8.834 (-468) aktiv Infektiounen, 22.004 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,0. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.