Dës Woch an de Kannaniuss gëtt et dann nees spannend, mat och e bëssen ongewéinleche Geschichten!
An der Ostsee kämpft de Wal Timmy nach ëmmer ëm säi Liewen. Hien hänkt jo no 4 Wochen nach ëmmer am flaache Waasser fest – mir weisen de Kanner, wéi d’Retter probéieren, hien erëm an d’Mier ze kréien.
Da geet et a Groussbritannien: do soll nämlech Fëmme fir déi Jonk quasi verschwannen. Mat engem neie Gesetz dierften déi, déi no 2009 gebuer sinn, spéider ni méi Zigaretten kafen.
Zu Ettelbréck dann hunn d’Schüler entdeckt, wéi vill verschidde Beruffer et an engem Spidol gëtt – vum Dokter bis bei den Elektriker, deen am Hannergrond schafft.
An zum Schluss erkläre mer – ganz kannerfrëndlech - nach, wat eng Tripartite ass – a firwat de Premier Luc Frieden elo esou eng Reunioun ugekënnegt huet.
Am Reportage erkläre mir dës Woch, wisou een elo dacks héiert, dass alles méi deier gëtt. Besonnesch jo de Sprit. Mat Grafike weise mer de Kanner, wou d’Strooss vun Hormus läit an erklären, wisou d’Schëffer mam Pëtrol keng aner Méiglechkeet hunn, fir aus dem Golf eraus ze kommen.
Elo fänke jo bestëmmt och verschidde Familljen un, un d’Summervakanz ze denken. An och fléie gëtt jo méi deier, well duerch den Irankrich manner Kerosin do ass. Mee an d’Vakanz goe muss jo net onbedéngt mam Fliger sinn. Mir ginn am Reportage e puer Iddien fir eng Zuchrees, oder souguer fir hei zu Lëtzebuerg Vakanz ze maachen.
Dat alles an enger neier Episod vun de KannaNiuuss. All Sonndegmoie kuerz virun 9 an 19 Auer op der Tëlee an ab dann och zu all Moment am RTL Play.