
No der Testphas gëtt et elo eescht op der N15. Vum 18. Mee un geet et nämlech an der repressiv Phas iwwer an et kritt een e Protokoll, wann ee vum neie Streckeradar tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul geblëtzt gëtt. Dëse Streckeradar moosst d'Vitess jo a béid Richtungen.
Heizou wier z'erënneren, dass de Streckeradar d'Duerchschnëttsvitess op der kompletter Streck, déi concernéiert ass, berechent. Déi Vitesslimitatioun op der N15 tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul ass op 90 Stonnekilometer begrenzt. Hei gëtt et jo nach eng Toleranz vun 3km/h wann een ënnert 100 km/h séier ass an eng Toleranz vun 3% wann een iwwer 100 km/h ënnerwee ass.
Enn Mäerz war eng Testphas ugelaf. D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hat an der Suite vun engem Accident mat 5 Doudesaffer decidéiert, op dëser Streck e Streckeradar ze installéieren.