Fir d'Personal vum GesondheetssecteurVu Méindes bis Freides sinn nei Kannerstrukturen op

Christophe Hochard
Wéinst dem aktuelle Virus si jo all d'Schoulen, Crèchen a Maisons Relaisen zu Lëtzebuerg zou.
Strukture fir d'Personal vum Gesondheetssecteur
Wéinst dem aktuelle Virus si jo all d'Schoulen, Crèchen a Maisons Relaisen zu Lëtzebuerg zou.

Geplangt war bis de 27. Mäerz alles zou ze loossen. Den Educatiounsminister huet e Mëttwoch de Mëtteg matgedeelt, dass een elo alles bis no der Ouschtervakanz zou léisst.

Fir dem Personal aus dem Gesondheetssecteur entgéint ze kommen, hunn eng Partie Kannerstrukturen uechtert Land hir Dieren op. D'Caritas, Arcus an d'Croix - Rouge assuréiere mat hirem respektive Personal dëse Service.

Vu Méindes bis Freides sinn dës Kannerstrukture fir d'Personal aus dem Gesondheetssecteur op. Vu moies hallwer 6 bis owes hallwer 11. Et géif och eng Demande ginn, fir Weekends iwwer op ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO