Op ee Joer gekucktVu Fonge geréiert Zomm ass vu 5.800 op 6.700 Milliarden Euro geklommen, sou d’CSSF

François Aulner
D'Zuel u Fongen op der Lëtzebuerger Finanzplaz geet an de leschte Jore weider liicht erof, mee d’Zomm, déi vu Lëtzebuerger Fonge geréiert gëtt, geet weider an d’Luucht.
© Envato

Ewéi d'Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF en Donneschdeg matdeelt, hunn Enn Juni 2.968 Fonge ganzer 6.700 Milliarden (oder 6,7 Billiounen) Euro geréiert. Virun engem Joer waren et nach eng 3.100 Fongen, déi awer "just" 5.800 Milliarden Euro geréiert hunn. Den Trend geet also weider.

D’Finanzopsiicht präziséiert awer, datt am ganzen iwwer 13.000 Fongen-Unitéiten aktiv sinn, well eng 2.000 Fongen en "Umbrella" - also Prabbeli-Strukturen hu mat Ënnerfongen.

D’lescht Joer hunn d’Fongen duerch d’Taxes d’abonnement tëscht 0,01 an 0,05% (déi all Trimester bezuelt gëtt) 1,3 Milliard Euro u Recettë generéiert – op en Total vu 27 Milliarden. D’Finanzplaz – d’Fongen, mee och d’Banken an Assurancen – huet dem Staat d’lescht Joer alles an allem 3 Milliarden Euro Recetten a Punkto Kierperschaftssteier erabruecht.

D’CSSF pickt e puer Evenementer eraus, déi am Juni d’Aktivitéit vun de Fonge besonnesch gepräägt hunn: d’Baisse vun de Pëtrolspräisser no éischte Verhandlungen tëscht den USA an dem Iran, SpaceX, déi op d’Bourse gaangen ass, oder nach eng restriktiv Geldpolitik vun der US-Zentralbank, déi de Wäert vum US-Dollar géintiwwer dem Euro an d’Luucht gedréckt huet.

Dat ganzt Schreiwes vun der CSSF fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO