Police-BulletinVu Familljesträit iwwer geklaute Druckerpatrounen

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Familljesträit zu Bäreldeng gouf e Sonndeg am fréien Owend eng Fra schwéier verwonnt.
© RTL Archiv

E Mann vu 56 Joer gouf festgeholl a koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. De Parquet huet d'Police judiciaire mat der Enquête befaasst.

An der Nordstad goufen de Weekend 3 Leit gepëtzt, déi a Butteker geklaut hunn. Zu Dikrech goufe Persounen dobäi erwëscht, wéi se an engem Supermarché Patroune fir an e Printer wollte klauen. Zu Ettelbréck hat eng Persoun versicht, fir an engem Geschäft Alkohol ze klauen.

Back to Top
CIM LOGO