Coronavirus zu LëtzebuergVu 7.045 Tester waren der 147 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 800 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell si 97 (+2) Persounen hospitaliséiert, dovunner 32 (+3) op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.582 aktiv Infektiounen. 64.260 Persoune gëllen als geheelt.

3.698 Mënsche kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 2.454 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 206.707 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,91. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO