
D'Temperature leien en Donneschdeg de ganzen Dag iwwer tëscht 0 a 4 Grad. D'Wolleke bréngen deels Reen oder Schnéireen mat. Am Éislek kann tëschenduerch och emol liichte Schnéi falen.
Och an der Nuecht op e Freideg bleift et fiicht an et kann am Norde vum Land mat weiderem Schnéireen respektiv Schnéi gerechent ginn.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.