Guide Michelin 2026Restaurant "Le Lys" mat éischtem Stär ausgezeechent

Ian Pocervina
De Restaurant Le Lys an der Villa Pétrusse an der Stad krut e Méindeg säin éischte Michelin-Stär iwwerreecht.
De Kim de Dood bei der Iwwerreechung vun den neie Michelin-Stären zu Antwerpen de 4. Mee 2026.
© Raphaël Ferber/ RTL Luxembourg

E Méindeg de Moie gouf zu Antwerpen déi nei Editioun vum Guide Michelin fir Lëtzebuerg a fir d'Belsch fir d'Joer 2026 presentéiert. De Restaurant Le Lys an der Villa Pétrusse ëm de Kach Kim de Dood krut säin éischte Stär vum prestigiéise Guide, deen déi Lëtzebuerger Kiche mat sengen asiateschen Aflëss lueft.

Fir de Kach bedeit dëst opootmen, well zanter der Ouverture vum Restaurant am Summer 2025 huet de Kim de Dood op genee dëst Zil hi geschafft.

De Restaurant "Cristallerie" ëm de Kach Milan Brée, dee genee wéi de Le Lys dëst Joer an déi enk Auswiel koum, muss sech deemno weider op e Stär gedëllegen.

Auszeechnungen am Iwwerbléck

Restaurante mat engem Michelin-Stär:

  • Apdikt zu Stengefort
  • Archibald De Prince zu Lauterbuer
  • La Villa de Camille et Julien op der Polvermillen
  • Fani zu Réiser
  • Fields by René Mathieu um Findel
  • Grünewald Chef's Table zu Dummeldeng
  • Guillou Campagne zu Schuller
  • Le Lys an der Stad
  • Mosconi am Gronn
  • Ryodo zu Hollerech

Restaurante mat zwee Michelin-Stären:

  • Louis Linster zu Fréiseng
  • Ma Langue Sourit zu Mutfert

Restaurante mat engem Bib Gourmand fir exzeptionellt Präis-Leeschtungs-Verhältnis:

  • Bazaar an der Stad
  • Parc Le'h zu Diddeleng
  • K restaurant zu Huldang

E Grénge Stär gouf et dëst Joer kee fir e Lëtzebuerger Restaurant.

Back to Top
CIM LOGO