Formel 1: Grousse Präis vu MiamiVictoire fir de Kimi Antonelli zu Miami, Leclerc verléiert Podiumsplaz kuerz viru Schluss

Jeff Birsens
Zu Miami ass dat grousst Wieder-Chaos ausbliwwen. Um Enn war et de Mercedes-Pilot Kimi Antonelli, dee vun der Pole Position aus gewanne konnt.

De Kimi Antonelli huet de Grousse Präis vu Miami gewonnen. De Mercedes-Pilot war vun der Pole Position an d'Course gestart a stoung um Enn um Podium virum Lando Norris an dem Oscar Piastri. Den Australier huet sech an der leschter Ronn nach laanscht de Charles Leclerc gesat, deen um Enn sichtlech Probleemer mat sengem Auto hat an nach als 6. iwwert d'Arrivée gefuer ass. De Max Verstappen krut sech trotz engem schwieregen Depart, wou e sech gedréint hat, nach eemol zréckgekämpft a konnt sech um Enn déi 5. Plaz sécheren.

Am WM-Klassement läit de Kimi Antonelli elo mat 20 Punkte viru sengem Teamkolleeg George Russell op der 1. Plaz.

Resumé vun der Course

Wéinst der Gefor viru méiglechem Donnerwieder waren d'Luuchte fir den Depart vun der Course schonn um 19 Auer eiser Zäit ausgaangen. De Kimi Antonelli, dee vun der Pole Position gestart war, ass dobäi net gutt vun der Plaz komm a gouf direkt vum Charles Leclerc iwwerholl. Hannendrun huet sech wärenddeems de Max Verstappen onglécklech mat sengem Red Bull gedréint a sech dobäi e Schued um Spoiler zougezunn. Un der Spëtzt war et vun Ufank un e Kamp ëm déi éischt Plaz a sou konnt de Kimi Antonelli sech Pole Position an der 5. Ronn nees zréckhuelen.

An der 6. Ronn huet et dann direkt op zwou verschiddene Plaze vum Circuit zu Miami geknuppt. Den Isack Hadjar huet eng Kéier ze enk geholl an huet dobäi säin Auto an d'Mauer gesat. Parallel war et bei engem Iwwerhuelmanöver zu enger Kollisioun komm. De Pierre Gasly hat de Liam Lawson baussen iwwerholl, war dann ze fréi agelénkt a gouf vum Racing Bull vun hannen an d'Mauer gestouss. Béid Gefierer konnten net méi weiderfueren a sou gouf d'Safety Car op de Circuit geruff.

Dat war dem Max Verstappen säin Zeeche fir e Boxestopp, no deem hien op der 16. Plaz nees erauskomm ass. Doropshin ass d'Ophueljuegd vum Hollänner lassgaangen. Hien huet sech een nom anere geknäppt a sech lues a lues nees zréck op déi éischt Plaze gekämpft. Do wollt den Hollänner sech nach eemol ëm eng méiglech Podiumsplaz beméien, ma dat sollt awer net méi geléngen. De Podium sollt um Enn hannert dem Vainqueur Kimi Antonelli aus dem Lando Norris a Charles Leclerc bestoen.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 ARAMCO JAPANESE GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO