Trotz klammende Präisser8 vun 10 Residenten ënnerstëtze Fairtrade-Produiten

Carine Lemmer
Trotz klammende Präisser an Drock op de Pouvoir d'achat bleift d'Bereetschaft zu fairem Konsum zu Lëtzebuerg héich, wéi eng rezent Ëmfro vu Fairtrade Lëtzebuerg zesumme mat Ilres weist.
Der Ëmfro no kenne 96% vun de Lëtzebuerger Residentë Fairtrade a 94% erkennen de Label, wa se e gesinn.
© SINA SCHULDT/dpa Picture-Alliance via AFP

Schockela, Kaffi oder Banannen, déi fair an nohalteg gehandelt sinn an de Fairtrade-Logo hunn, kennt bal jiddereen hei am Land. 96% vun de Lëtzebuerger Residentë kenne Fairtrade a 94% erkennen de Label, wa se e gesinn. Eis Kredibilitéit ass extrem héich, freet sech de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg.

Mä wéi ass d'Astellung vun de Leit zu deenen Artikelen, besonnesch a méi onsécheren Zäiten a wa villes méi deier gëtt? Dat wollt Fairtrade wëssen an huet zesumme mat Ilres eng representativ Ëmfro maache gelooss. 1.037 Leit iwwer 16 Joer hu matgemaach – an d'Resultater gefalen de Responsabelen.

"Inflatioun an Drock op de Pouvoir d'achat hunn an deene leschte Joren net derzou gefouert, datt d'Leit hei zu Lëtzebuerg manner fair consomméiert hunn, well d'Zuelen et eendeiteg nieft der Ëmfro och weisen, an déi Zuele ginn an d'Luucht", seet de Jean-Louis Zeien.

77% sinn der Meenung, dat et "logesch" ass, wann ee Produkter aus fairem Handel consomméiert. Een Drëttel vun de Leit sot weider, datt si "Loscht" hätten op fair an nohalteg Produkter.

Mä och wann d'Loscht grouss ass oder et fir déi meescht logesch ass, consomméiert awer net jidderee Fairtrade-Produiten.

"Firwat? Well se grondsätzlech un hiren eegene Marken hänken oder de Präisfacteur spillt heiansdo och eng Roll oder eng allgemeng Méfiance par rapport zu Labele vu Produkter iwwerhaapt”, erkläert de Fairtrade-President.

Un all deene Punkte wéilt een awer schaffen, seet de Jean-Louis Zeien. D'Astellung an dat tatsächlecht Kafverhale sinn zwee puer Schong.

De Grondgedanke géif een zu Lëtzebuerg awer weider kloer erkennen, datt ee mat sengem Kafverhalen en Ënnerscheed kéint maachen, och fir déi Mënschen an de Länner wou produzéiert, déi et direkt betrëfft.

Back to Top
CIM LOGO