Frësch gestachSpargelsaison - d'Rees vum Feld op den Teller

Michèle Schons
Et ass Spargelzäit... an dat bedeit net nëmme kulinaresch Freed, mee och vill Aarbecht hannert de Kulissen. Wéi kënnt de Spargel eigentlech vum Feld op eisen Teller? Mir hu beim Spargelbauer nogefrot.
© miSchons

Spargelsaison - vill Aarbecht fir kuerz Freed

E liichte Niwwel läit nach iwwer dem Sonnebierg, d’Loft ass frësch an et ass roueg. E puer Villercher si schonn ze héieren. Tëscht de laange Reie vun Äerdwäll ass scho Beweegung: gebéckt a mat Rou a Routine sinn d'Spargelstiecher bei der Aarbecht. Zu Lëtzebuerg ass dat eng ganz besonnesch Zäit am Joer. Tëscht Abrëll a Mëtt Juni gëtt all Dag gestach an dat heescht virun allem: fréi opstoen, haart schaffen an ëmmer e Bléck op d’Wieder hunn. Yves Hoffmann:

D'Spargelsaison hänkt tendenziell ëmmer vum Wieder of, dat heescht, wa mer relatiivt kaalt Wieder hunn, vill Reen, dat ass eppes wat d'Planz net gären huet an da reagéiert se och net. D'Spargelplanz fänkt réischt ab 12 Grad am Buedem un ze reagéieren, alles wat drënner ass, gëtt et keng Reaktioun. Ab 12 Grad fänken se réischt u mat wuessen, esou laang bis dass se uewen aus dem Buedem drécken, an dat ass fir eis eigentlech de Start vun der Saison.

Mat engem spezielle Messer ginn d’Stängelen aus dem Buedem geschnidden. Dat verlaangt vill Erfarung. Ze déif, an d’Planz gëtt beschiedegt; ze héich, an de Spargel ass net komplett. Um Spargelfeld gesäit ee laang Reie mat Plastik ofgedeckt. Do drënner wiisst de wäisse Spargel, geschützt virum Liicht, fir seng hell Faarf ze behalen.

De Plastik ass schwaarz uewendrop, dat ass eigentlech dofir geduecht, dass mer d'Hëtzt zügeg an de Buedem kréie, well d'Spargel eben nëmmen duerch d'Hëtzt wiisst. Och d'Fiichtegkeet bleift esou am Buedem, wat e Virdeel ass, wa mer wéi elo eng laang Period hunn, wou mer kee Reen hunn, da späichere mer déi méi laang am Buedem.

Et gëtt dacks gesot, grénge Spargel wier méi gesond. Ass do eppes drun, oder ass dat just e Mythos?

Méi gesond géing ech elo net direkt soen, et ass éischter de Goût deen e bëssen d'Differenz mécht mee du hues ëmmer déi eng Leit, déi méi fir wäiss sinn, déi aner méi fir gréng. Och bei deene gréngen ass d'Spargelplanz genee déi selwecht, den Ënnerscheed ass just deen, dass déi gréng Spargele keng Baatsch drop leien hunn, déi kréien doduerch d'Sonn a ginn och esou wäit aus dem Buedem eraus wuesse gelooss, dass se eng Fotosynthese maachen a gréng ginn.

Spargelsaison - d'Rees vum Feld op den Teller

D’Recolte ass eng Handaarbecht, déi vill Gedold verlaangt. All Spargel gëtt eenzel gestach. Et gëtt keng Maschinn, déi dat esou präzis maache kann wéi e Mënsch. Nodeems de Spargel aus dem Buedem geholl gëtt, muss alles séier goen:

Si ginn a Këschte getässelt an da kommen se bei eis erof an d'Produktioun, wou se an en Äiswaasser geluecht ginn. Wann d'Spargel aus dem Buedem kënnt, huet se d'Temperatur vum Buedem, ongeféier 18 bis 19 Grad. Da kommen se an dat Waasser, fir dass se herno méi laang haltbar bleiwen. Da ginn se op d'Sortéieranlag geluecht, wou se gewäsch an ofgeschnidde ginn an déi Anlag sortéiert och d'Spargelen automatesch.

De Präis hänkt vill vun der Déckt an der Längt of. Déi schéin, déck Spargele ginn am meeschte gefrot.

Mir hunn eng Kéier déi ganz dënn, déi mer herno viru verschaffen als Pointen. Dann hu mer de Kaliber 16+ dat ass vu 16 bis 22mm, dono kënnt de Kaliber 22+ wat vun 22 bis 32mm geet an da kommen nach déi ganz déck a ganz hannen an de Backe sortéiert d'Maschinn den Zoppespargel eraus, dat ass alles wat gebrach, ze kuerz ass, déi d'Form net hunn, oder wou uewen d'Blumm ze wäit op ass.

Ronn zwee Méint ass Zäit. An do muss alles passen - vum Wieder bis bei d’Organisatioun.

Prognosen hues de ni ganz wäit, ech soen ëmmer esou wäit wéi de Wiederbericht geet, mee elo dëst Joer si mer relativ gutt ënnerwee, d'Temperature passen, d'Sonn ass genuch do, momentan also den Optimal, mee dat kann awer och an zwou Wochen nees de Contraire sinn a mer da soen - et ass elo awer net wéi mer eis dat géinge wënschen.

Fir de Konsument heescht dat: Elo ass déi perfekt Zäit, fir Spargelen ze genéissen, frësch, regional a mat vill Léift produzéiert.

Wann d'Saison eriwwer ass, dierf de Spargel nees wuessen a sech regeneréieren. Dat ass wichteg fir déi nächst Joer.

Sonnebierg

Back to Top
CIM LOGO