
Lëtzebuerg ass eng wichteg Transitstreck am europäesche Verkéier, dowéinst spillen Transportkontrollen eng zentral Roll fir d'Sécherheet op de Stroossen. Wéi den Inspecteur principal vun der Douane, de Jeroen Schaus erkläert, ginn dobäi virun allem Camionen iwwerpréift.
Bei enger Kontroll kuckt d'Douane als éischt d'Dokumenter vum Chauffeur, vum Camion a vun der Wuer. Dozou gehéiert ënner anerem den CMR-Frachtbréif, deen Informatiounen iwwert d'Luedung an d'Streck präisgëtt. Duerno ginn d'Fuer- a Rouzäite kontrolléiert. Iwwer den Tachograph kënne Beamten d'Donnéeë vum Gefier eroflueden an analyséieren. Dobäi kann d'Douane bis zu 56 Deeg an d'Vergaangenheet zeréckkucken, also bal zwee Méint. An der EU ginn et kloer Reegele fir d’Fuer- a Rouzäite vu Camionschaufferen.
Eng deeglech Lenkzäit dierf normalerweis maximal 9 Stonne sinn, an zwee Mol pro Woch dierf se op 10 Stonne verlängert ginn. Pro Woch däerf e Chauffeur net méi wéi 56 Stonne fueren an iwwer zwou Wochen zesummegerechent maximal 90 Stonnen. No 4,5 Stonne Fueren ass eng Paus vun op d'mannst 45 Minutten obligatoresch. D'Chauffere mussen ausserdeem eng deeglech Rouzäit vun op d'mannst 11 Stonne respektéieren, wärend d'Rouzäit iwwer d'Woch verdeelt normalerweis 45 Stonne bedréit. Den Tachograph ass déi kleng Maschinn, déi dëst alles ophëlt a späichert. Fréier konnt ee se einfach austricksen. Mat engem staarke Magnéit gouf de Kontakt ënnerbrach an esou gouf et um Computer wéi Paus ugewisen. Bei de méi neie Maschinne geet dat net méi. All Fuerer huet seng eege Kaart, déi en an den Tachograph stécht. Fir méi fueren ze kënne wéi erlaabt, huet de Chef vun der Entreprise dacks mol seng Kaart matginn, well hien net gefuer ass an de Chauffer huet säin Trajet op zwou Kaarten opgedeelt, wat verbueden ass.
Munch Fuerer an Entreprisen nervt et, gezwonge Paus ze maachen. Dobäi sinn d'Reegele virun allem do, fir Accidenter duerch Middegkeet ze vermeiden.
Nieft de Fuerzäite kontrolléiert d'Douane och d'Sécherung vun der Wuer. Dobäi gëtt ënner anerem gekuckt, ob d'Wuer mat Gurte geséchert ass, wéi dës Gurte befestegt sinn an ob Antirutschmatte benotzt goufen.
"Stellt iech emol vir, e Camion mat véierzeg Tonne verléiert seng Wuer. Do kéint et op der Strooss zu villen Doudege kommen", warnt de Jeroen Schaus. Eng falsch geséchert Luedung kann nämlech wärend dem Transport verrutschen an domat geet d'Gefor ze kippen an d'Luucht. Heiansdo gesinn d'Beamten dat scho vu baussen, wann zum Beispill d'Wuer op enger Plaz géint d'Plan dréckt.
Scho vu wäitem kënnen d'Beamte vun der Douane séier erkennen, ob d'Wuer richteg gelueden a fixéiert ass, mee bei den deegleche Kontrolle gi si och duerch aner Saachen op Chaufferen opmierksam. "Zum Beispill wann de Chauffer den Handy am Grapp huet", mee och d'Erfarung spillt eng Roll, "dacks hu mir einfach d'Nues dofir an zéien ouni spezifesche Grond een eraus, wou herno vill méi dohannert stécht", sou de Jeroen Schaus, dee laang selwer um Terrain am Asaz war.
Wéi wichteg dës Kontrolle sinn, weisen och déi offiziell Zuelen. Am Joer 2025 huet d’Douane Strofen am Gesamtwäert vu ronn 1,46 Milliounen Euro ausgeschwat am Kader vun Transportkontrollen. Vill Verstéiss goufe wéinst der Eurovignette registréiert, mee och Verstéiss géint d'Fuer- a Rouzäiten, falsch geséchert Luedung oder iwwerluede Gefierer goufe reegelméisseg festgestallt. Mee och den Zoustand vun de Camione wier déi eng oder aner Kéier opgefall. Futtis Pneuen oder aner Verschläissstécker misste méi genee vun de Chaufferen iwwerpréift ginn.

Den Inspekter Jeroen Schaus ass 1991 bei d'Douane komm, also nach virum Schengen-Ofkommes vun 1993. Deemools wier et nach net ganz kloer gewiescht, wéi sech d'Roll vun der Douane an Zukunft entwéckele géif. Mat der Zäit sinn awer ëmmer méi Aufgaben dobäikomm. Fir hie war séier kloer, dass hie sech bei der Brigad Transport engagéiere wëll, well d'Aarbecht um Terrain an d'Kontrolle vun de Camionen hie besonnesch interesséiert hunn.

Nieft de Kontrollen um Stroossennetz gesäit de Jeroen Schaus och eng aner wichteg Aufgab: d'Leit informéieren. Hien ass der Meenung, dass vill Bierger d'Reegele beim Grenzverkéier nach ëmmer net genee kennen, besonnesch wann et ëm Zigaretten, Alkohol oder och den Transport vu Bensinn geet. Zu Lëtzebuerg dierf een zum Beispill maximal 20 Liter Bensinn an engem zougeloossene Kanister transportéieren, well et sech ëm e geféierlechen an héich brennbare Stoff handelt. Besonnesch beléift sinn och Zigaretten. Hei dierfe maximal 800 Stéck pro Persoun transportéiert ginn. Dem Douanier no wier et dowéinst wichteg, dass d'Leit sech gutt informéieren, fir Problemer bei Kontrollen ze vermeiden.
Hei eng Oplëschtung, wéi eng Quantitéiten ee vu verschiddene Produiten dierf iwwert déi Lëtzebuergesch Grenz transportéieren:
