E Sonndeg stoung an der BGL Ligue de 26. Spilldag um Programm. Virun der decisiver Schlussphas vun der Saison hu sech all d'Ekippen un der Spëtzt kee Feeltrëtt erlaabt.
Sou zum Beispill den FC Déifferdeng, dee mat 1:0 zu Péiteng gewonnen huet. Och wa si de Match ufanks net dominéiert hunn, louche si zur Paus no engem Gol vum Samir Hadji trotzdeem verdéngt a Féierung, well si um Terrain déi méi aktiv Ekipp waren. Péiteng stoung gréisstendeels hannen zwar gutt, ma am Spill no vir ass dogéint awer net wierklech eppes gaangen. Dat wollt een am zweeten Duerchgang dann och änneren, ma déi puer Chancen, déi ee sech erausgespillt krut, sinn ouni Succès bliwwen. Laang war een Ausgläich net méiglech, ma um Enn sollten déi Déifferdenger déi dräi Punkte mat Heem huelen.
Punkte leie gelooss huet dann de Verfollger Biissen duerch e spéide Géigegol, duerch deen et en 2:2-Remis doheem géint Mamer gouf. An der éischter Hallschent war et trotz feelende Goler eng animéiert Partie, an där Biissen méi de Ball hat an d'Ekipp vu Mamer méi op Konterchancë gewaart huet. Nom Säitewiessel war et der Lokalekipp dann awer gelongen, duerch d'Goler vum Rodrigues da Cruz a Santos Guimaraes mat 2:0 a Féierung ze goen. Dorop konnt Mamer kuerz duerno mam 1:2 äntweren, ma fir ee Punkt sollt et um Enn net méi duergoen. An der Tabell bleift Biissen also weiderhin dräi Punkten hannert dem Leader.
Gewonnen huet och den Tabellendrëtten F91 Diddeleng mat 3:0 zu Hesper, wouduerch een den neien Tabellenzweeten ass. D'US Munneref huet da mat engem klore 4:0 géint Hueschtert weider déi staark Form confirméiert a steet elo punktgläich mat Biissen op der 4. Plaz.
An deene weidere Partië vum Sonndegmëtteg huet sech d'Escher Jeunesse mat 2:1 zu Rouspert duerchgesat, Stroossen mat 2:0 géint Kanech an de Stater Racing konnt sech bei enger animéierter Partie mat 5:2 zu Käerjeng behaapten.
Zanter 18.30 Auer leeft fir den Ofschloss vum 26. Spilldag nach de Match Nidderkuer géint Rodange.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Munneref - Hueschtert 4:0
1:0 Tinelli (8'), 2:0 Kumbi (25'), 3:0 Kumbi (54'). 4:0 Baiverlin (58')
Hesper - Diddeleng 0:3
0:1 Gavioli (8'), 0:2 Neamtju (45+2'), 0:3 Gomes Soares (52')
Rouspert - Jeunesse 1:2
1:0 Brkljaca (36'), 1:1 Nürenberg (38'), 1:2 Todorovic (56')
Péiteng - Déifferdeng 0:1
0:1 Hadji (42')
Stroossen - Kanech 2:0
1:0 de Souza, 2:0 Romeyns (90+3')
Käerjeng - Racing 2:5
0:1 Qevani (39'), 0:2 Ikene (45+2'), 1:2 Dieye (49'), 1:3 Ikene (53'), 1:4 Qevani (56'), 1:5 Ikene (61'), 2:5 Mabwati (72')
Biissen - Mamer 2:1
1:0 da Cruz (50'), 2:0 Guimaraes (62'), 2:1 Biagui (65')