8 Blesséierter e SonndegKollisioun tëscht 4 Autoen, dräi Motocycliste gefall an ee Foussgänger ugestouss

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS haten e Sonndeg ganzer siwen Asätz wéinst Accidenter, bei deenen am Ganzen aacht Leit blesséiert goufen.
© Laurent Weber

Eng éischt Kollisioun gouf dem 112 deemno géint 11:54 Auer gemellt. An der Haaptstrooss zu Dickweiler waren zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Uesweller an Iechternach.

Zu Reisduerf an der Route de la sure gouf géint 12:10 Auer e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Hei waren d'Ambulanciere vum Zenter Nordstad an d'Pompjeeë vu Reisduerf am Asaz.

De Samu-Noutdokter souwéi d'Rettungsekippe vu Buerschent a Miersch ware kuerz no 13 Auer zu Buerschent um Feischterbierg am Asaz, wéi e Motocyclist gefall war.

Véier Autoe waren iwwerdeem kuerz no 13:30 Auer op der A4 tëscht Lankelz a Lalleng an eng Kollisioun verwéckelt. Hei gouf et zwee Blesséierter. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Esch a Schëffleng souwéi d'Ambulanciere vu Keel.

Géint 14:40 Auer ass zu Stroossen an der Rue du X Septembre en Auto géint e Géigestand gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Am Asaz war de Samu aus der Stad, souwéi d'Stater Ambulancieren an d'Pompjeeë vu Mamer.

Um CR119 tëscht der Fiels a Schrondweiler souwéi zu Gilsdref an der Rue Clairefontaine koum et jeeweils no 15 Auer zu enger Chute vun engem Motocyclist. Béid Motocycliste goufe blesséiert. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter aus der Fiels an dem Zenter Nordstad.

Back to Top
CIM LOGO