Conférence diplomatiqueWat mécht eigentlech en Ambassadeur?

Nicky Soisson
Vun de ronn 911 Persounen déi aktuell am Ausseministère schaffen, sinn 157 aktiv Diplomaten an dovunner 54 Ambassadeuren. An déi sinn d'lescht Woch hei zu Lëtzebuerg am Kader vun der sougenannter "Conférence diplomatique" zesumme komm.
© Claude Piscitelli

Ma wat ass iwwerhaapt en Diplomat, respektiv de corps diplomatique? Minister Xavier Bettel:

"Dat sinn all déi Leit déi hei am Ministère, an deem se hei oder och am Ausland schaffen, am Fong d'Land vertrieden am Ausland, dat nennt een Diplomatie. Diplomatie ass eeben d'Land vertrieden. An dat heescht, mir hunn e Corps diplomatique, dat ass de Lëtzebuerger deen hei schafft an am Ausland ass an dat ass de Corps diplomatique étranger, deen hei zu Lëtzebuerg ass. Dat sinn all déi verschidden Ambassadë mat hire Diplomaten, déi dann hei zu Lëtzebuerg schaffen."

Hei schaffen Ambassadeuren deenen hier Aarbecht et ënnert anerem ass, Liene mat deene verschiddene Länner ze kreéieren oder déi existent Lienen ze verbesseren. Fir dat kënnen ze maachen, sinn natierlech verschidde Kompetenze néideg:

"Fir mech déi wichtegst Kompetenz ass, mol nolauschteren ze kënnen. Nolauschteren, verstoen, Respekt hunn, well et vertrëtt een e Land, et vertrëtt een eng Populatioun, an awer och oppe sinn an net mengen Ambassadeur, wier just fir schéin ze maachen. Also dat ass net. Ech hätt gären Ambassadeuren, déi eeben och eppes fir d'Land maachen, fir d'Wirtschaft maachen, fir déi Leit déi sur Place sinn, fir eis Studenten, fir eis ekonomesch Interêten."

Ambassadeur gëtt een awer net vun haut op muer. Als éischt gëllt et mol den Exame fir d'Carrière supérieure beim Staat an dono och nach en hausinternen Examen am Ausseministère ze maachen an och ze packe fir an d'Karriär vum Diplomat eranzekommen.

"Do geet ee mol duerch d'ganzt Haus, do fänkt een un a verschiddene Servicer, do geet een an d'Ausland. An dann wëll ech awer och net nëmme Leit hunn, déi Diplomat sinn, awer hei am Haus sëtzen. Dat heescht, déi mussen och an d'Ausland goen. Déi muss e richtegen Equiliber fannen tëschent deenen zwee. An dann no enger gewëssener Zäit, wann ee bis d'Experienz huet, wann een op deem Tableau chronologique vun den Assermentatioune vun de Leit huet, da geet een do era sichen, wien een dann op wéi enger Plaz am beschte géif gesinn."

D'Martine Schommer huet eng laang Karriär als Diplomatin hannert sech a war vill Joren Ambassadrice an deene verschiddenste Länner. D'Aufgabe sinn ëmfangräich: Am Kär geet et drëms, d'Lëtzebuerger Interessen am Ausland ze erklären an ze verteidegen.

"D'Haaptaarbecht besteet doranner, wann ech dat sou ka soen, dat Land wou een wunnt a schafft, fir dat ze verstoen. Wat ass d'Situatioun an deem Land, fir d'Hannergrënn ze erkennen vun de Positiounen déi dat Land hëlt. Déi Hannergrënn dem Minister an de Ministèren déi concernéiert sinn, weiderzeginn an zur gläicher Zäit de Partner och Lëtzebuerg ze erklären an ze erklären firwat mir verschidde Saache maachen oder firwat mir verschidde Saache vun hinne gären hätten, fir also Verständnis ze kréien."

Dofir ass et och sou wichteg an deem Land ze liewen. Donieft - an dat dierft wuel dee Volet sinn, deen eis am bekanntsten ass - geet et och drëms d'Lëtzebuerger ze ënnerstëtzen, déi an deem Land liewen. Zum Beispill fir eng nei Carte d'Identité oder en neie Pass.

"Mee awer och soss wa se Suergen hunn, an natierlech besonnesch a Krisenzäiten wéi beim Covid oder lo beim Krich, do si mir och d'Ulafstell fir d'Lëtzebuerger an dat ass och richteg esou. Zur gläicher Zäit ass d'Ambassade och d'Ulafstell fir d'Lëtzebuerger déi reesen, deenen en Accident passéiert ass, déi Suergen hunn."

Da muss een awer och eng kleng Ekipp vu Leit dirigéieren a sech ëm de Lëtzebuerger Patrimoine, also d'Haus oder d'Appartement an deem d'Ambassade ass, këmmeren. All 4 Joer gëtt et en neit Mandat an dat heescht, et muss een dacks plënneren. De Beruff an d'Privatliewe vum Ambassadeur ënnert een Hutt ze bréngen, ass also net onbedéngt einfach.

"Dat ass en Challenge, deen ee sech och vun Ufank u muss iwwerleeën an deen een net däerf ënnerschätzen. Jiddwereen muss u Bord sinn, fir dass d'Aarbecht fonctionéiert, de Partner, d'Kanner. An et muss een sech och bewosst sinn, dass wann ee vill am Ausland ass, dass een eng aner Relatioun mat de Kolleegen, Frënn a Bekannten a Familljen hei zu Lëtzebuerg huet. Dat heescht, et muss een dat alles am Viraus grosso modo verstanen hunn, quitt dass een sech et net ka virstellen, mee dat gehéiert zum Beruff an dat ass en Challenge, deen net ëmmer einfach ass."

An awer ass et, der Martine Schommer no, e ganz interessante Beruff:

"D'Diversitéit vun den Tâchen, awer och ganz interessant Leit ze begéinen, nei Kulturen ze entdecken, d'Chance hu fir déi kënnen Lëtzebuerg weiderzeginn an och hei an do den nëtzleche klengen Element gewiescht ze sinn, fir dass eppes zustane komm ass, wat vläicht soss net geschitt wär oder mi spéit geschitt wär."

D'Aarbecht vun engem Ambassadeur ass also zimmlech villfälteg, ma virun allem huet een eng grouss Responsabilitéit wann et drëms geet eist Land am Ausland ze vertrieden.

Back to Top
CIM LOGO