D'Logementskris ass eng vun den Haapt-Erausfuerderungen am Land. Schonn eng Rëtsch Regierunge ware mat der Problematik befaasst, datt ëmmer manner Leit sech Wunnen zu Lëtzebuerg leeschte kënnen. Op der nationaler Woch vun der Iwwerschëldung war et souguer de Virworf, Lëtzebuerg géif d'Aarmut iwwer d'Grenzen exportéieren.
‘’Wa mer d'Cohésion sociale zu Lëtzebuerg wëlle stäerken, wa mer och wirtschaftlech wëlle weiderkommen, da musse mer och en doheem fir jiddereen hei kënnen assuréieren. Fir dee mat méi décken, mat mëttleren, awer och mat méi klengem Portmonnie. Eng Gesellschaft brauch jiddereen.‘’
Net eleng déi héich Logements-Präisser, wann ee sech eppes uschafe wëll, ma och d'Loyeren, déi d'Leit hei am Land bezuele mussen, droen derzou bäi, datt net méi jiddwereen, dee schaffe geet, och de facto hei zu Lëtzebuerg liewe kann. Fir den Antoine Paccoud, deen als Sozial-Geograph bei Fuerschungs-Institut LISER schafft, ass et schonn ze spéit.
‘’ On sait que les personnes qui ont les revenus les moins élevés, donc dans les 20 % avec les revenus les moins élevés, payent presque la moitié de leur revenu en moyenne pour leur logement. On sait aussi, par exemple, que la composition du ménage affecte beaucoup les difficultés par rapport au paiement des coûts du logement. Avec les familles monoparentales et les personnes seules beaucoup plus affectées que les couples qui peuvent mutualiser. ‘’
Ob een hei am Land gebuer ass oder net. Mat nach emol enger Differenz, ob d'Persoun en EU-Bierger ass, oder aus engem Drëttstaat kënnt.
Mënschen aus Drëttstaate mussen, un hir Openthalts- Geneemegung ugewisen, hei am Land eng Wunneng fannen. Iwwerdeems EU-Bierger an och ëmmer méi Lëtzebuerger, eng 15.000, déi sech déi héich Logementskäschten net méi leeschte kënnen, als sougenannt atypesch Grenzgänger an d'Groussregioun plënneren.
‘’ Donc la pauvreté, comme je le dis peut-être de manière un peu provoquante, mais une part de l'exclusion sociale est exportée vers les pays voisins et n'est donc plus considérée comme existant au Luxembourg" Sou de Fuerscher Antoine Paccoud.
D’Reaktioun vum Minister Claude Meisch: ‘’Ech denken, datt mer eng grouss Erausfuerderung hei zu Lëtzebuerg hunn, dat ass Wunne bezuelbar ze maachen, fir jiddereen. Dat ass souwuel am Locatif, musse mer méi ëffentlech Sozialwunnengen hunn, Logements abordables hunn, do schaffe mer drun. Mer brauchen awer natierlech och an dat weisen d'Situatiounen, momentan erëm Méiglechkeeten, datt och jiddereen, deen, soe mer mol, en normaalt Akommes huet, e mëttlert Akommes huet, sech och seng Wunneng ka leeschten, och ka kafen. An dat ass haut net fir jidderee ginn. D'Banke si retizent ginn, d'Präisser si relativ héich a mat der aktueller internationaler Situatioun fäerte mer och, datt d' Zënsen nach eng Kéier eropginn. ‘’
Sou den zoustännege Minister am Kader vun der Visitte vum Quartier Metzeschmelz. Do wou, och abordabel Wunnengen entstoe sollen. Fir der Erausfuerderung gerecht ze ginn, missten nieft der ëffentlech Hand, och déi privat Promoteure mat associéiert ginn, sou de Claude Meisch. Jidderee misst Responsabilitéit iwwerhuelen. Mam Rappell, datt d'Regierung 2025 méi wéi dat Duebelt an abordabele Wunnengsbau investéiert hätt, wéi nach dat Joer virdrun.