De Stylist Luca De Michele am Interview"Am Make-up gëtt et keen Gender"

Céline Spithoven
Zënter 13 Joer ass de Luca an der Lëtzebuerger Styling-Zeen vertrueden a kann elo schonn op eng erfollegräich Karriär zeréckkucken, obwuel e Mann mat Make-up a Pinsel net bei jidderengem gär gesinn ass.
© Alexandre Benavente Martingil

Net beim éischten, mee beim zweete Versuch

De Luca de Michele huet am Mäerz de Make-up Artist Award zu Düsseldorf gewonnen. Fir hien ass dat awer net déi éischt Erfarung bei dësem Concours. Schonn d'lescht Joer hat hien deelgeholl, hat et awer net ënner déi Bescht gepackt. Dëst Joer ass et awer gelongen. D'Aufgab um Concours: e Smokey-Eyes-Look op der Bün an enger limitéierter Zäit ëmsetzen.

"Dat waren da 60 Minutten, déi mer kritt hunn, fir dat live op der Bün dann och ëmzesetzen, dee Smokey-Eye-Look, an dat ass natierlech eng extreem Stresssituatioun."

Fir de Stylist war et wichteg, de Feedback vun der Jury direkt ëmzesetzen an e Look ze kreéieren, dee modern a bünentauglech ass. D'Resultat huet d'Jury iwwerzeegt.

Vum Coiffeur zum Make-up-Artist

D'Karriär vum Luca de Michele huet awer net direkt mat Make-up ugefaangen. Ursprénglech huet hien eng Coiffeursléier gemaach. Am Salon ass hien awer séier mat Schminkproduiten a Kontakt komm. Tatsächlech als Coiffer. Am Salon goufen och Kosmetikproduite verkaf an de Patron huet seng Mataarbechter direkt encouragéiert, se och ze benotzen. "Do huet de Patron mech dann sou bëssen an d'kaalt Waasser gehäit a mech op d'Stammcliente lassgelooss."

De Luca de Michele ass zënter 2014 Make-up-Artist.

Dës éischt Erfarunge ware fir hien entscheedend. Fir säi Wëssen ze verdéiwen, ass hien duerno op Frankfurt gaangen, wou hien an enger Make-up-Academy eng Ausbildung gemaach huet an duerno koum d'Selbststännegkeet. Zënterhier huet hien op Fashion Weeks, Foto-Shootings, Defiléen, a mat Kënschtler geschafft. "Wat flott ass an deem Beruff, ass, dass all Dag anescht ass. D'Welt vum Make-up ass einfach riseg. Do huet een esou vill Theemen."

Als Mann an enger klischeebelaaschter Branche

Och wann d'Make-up-Branche ëmmer méi oppe gëtt, ginn et nach ëmmer Virurteeler, virun allem wann een als Mann an deem Beruff schafft. "Ech kréien et awer nach haut tatsächlech ze spieren, dass dat bei deenen enge gutt eriwwerkënnt, bei deenen anere manner."

Besonnesch bei männleche Clientë spiert hien heiansdo nach Skepsis. "Wann ech elo Männer muss schminken, wann déi e bëssen och gepuddert ginn, ob dat fir de Fernsee ass oder fir Optrëtter op der Bün, dat kënnt net ëmmer sou gutt un." Fir hien ass dat awer eng Fro vum Mindset. Make-up soll net un e Geschlecht gebonne sinn. "Am Make-up gëtt et keen Gender, well dat si Produiten, déi fir d'Haut gemaach sinn. Eng Haut huet lo kee spezifeschen Gender.

"Make-up huet keen Gender", seet de Luca de Michele

Trends jo, mee mat eegener Handschrëft

An der Beauty-Branche ännere sech Trends permanent. Mol ass Bronzer am Fokus, mol dramatesche Lipliner. Fir de Stylist geet et awer net drëm, Trends einfach ze kopéieren.
"Ech probéieren awer ëmmer bësse meng Zooss draus ze maachen." Inspiratioun ass fir hie wichteg, mee d'Interpretatioun bleift individuell.

Wann een de Luca de Michele no sengem wichtegste Make-up-Tipp freet, kënnt d'Äntwert direkt: "Ech soen dat ëmmer erëm, dass d'Hautpreparatioun dat Wichtegst ass." Ouni gutt Hautfleeg géif och déi beschte Schmink net funktionéieren. Besonnesch aktuell gesäit hie vill Interessi fir koreanesch Skincare, déi duerch liicht Formullen an hautfrëndlech Ingrediente populär ginn ass.

D'Bild vum Make-up-Artist virun der Kamera ass nëmmen ee klengen Deel vum Beruff. Tatsächlech geet et och ëm Hygiène, Organisatioun a Mënschekenntnis.

"D'Pinsele mussen no all Client propper gemaach gi respektiv all Client muss mat proppere Pinsele geschminkt ginn. Dat ass net iwwerall de Fall."
Fir Stammclienten huet de Luca de Michele dofir individuell Schminktroussen, wou nëmmen déi Produiten a Pinselen dra sinn, déi fir déi Persoun gebraucht ginn. "Ech hunn zum Beispill fir d'Tali an d'Laura Thorn eegen Troussen, well ech si wärend an no der Eurovisioun vill begleet hunn a weider begleeden." Mee och d'Désirée Nosbusch, d'Hana Sofia Lopes an e puer weider prominent Lëtzebuerger gi beim Luca an an aus.

"Fir mech ass dat dote mäin Dramwee."

Zousätzlech ass een als Stylist dacks och Frënd an Therapeut, schmunzelt de Lëtzebuerger, virun allem bei emotionalen Evenementer wéi Hochzäiten oder grousse Bünenoptrëtter. "Do gëllt et och als Make-up-Artist, déi Opreegung bëssen ewechzehuelen an d'Persoun ze calméieren."

Fir d'Zukunft huet de Stylist virun allem ee Wonsch: seng Passioun net ze verléieren.
"Ech wëll einfach fir d'Zukunft, dass ech dat genau esou maache mat Passioun, wéi ech dat elo an deene leschte Jore gemaach hunn." An enger Branche, déi sech permanent ännert, bleift fir hie virun allem d'Freed um Beruff. "Fir mech ass dat doten mäin Dramwee."

Back to Top
CIM LOGO