Zwee BlesséierterHausbrand zu Iechternach an Accident tëscht Bus an Auto zu Déierbech

Andy Brücker
Bei deenen zwee Tëschefäll gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.
© Laurent Weber

E Méindeg den Owend huet géint 20 Auer zu Iechternach an der route de Wasserbillig en Haus gebrannt. D'Pompjeeë vun Iechternach, Konsdref, Uesweller a Gréiwemaacher-Mäertert waren op d'Plaz geruff ginn, fir ze läschen. Och Ambulanze vun Iechternach a Mäertert waren op der Plaz. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 22:15 Auer sinn zu Déierbech op der Haaptstrooss e Bus an en Auto anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vu Wëntger an eng Ambulanz vu Wolz waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO