
De 95er Bensinn gëtt ëm 4,8 Cent méi deier a wäert domat vun Hallefnuecht un 1,846 Euro de Liter kaschten. Beim 98er ass et eng Hausse vu 4,6 Cent op elo 1,934 Euro de Liter. Och de Präis vum Diesel klëmmt op 1,934 Euro pro Liter, wat eng Hausse vun 2,2 Cent ass. A fir de Masutt muss ee vun en Dënschdeg un 2 Cent méi bezuelen, well de Präis vun dësem op 1,382 Euro klëmmt.
