3. Editioun vun de "Motodays"Zu Ettelbréck an der Däichhal dréit sech dëse Weekend alles ëm d'Motorrad

Jeannot Ries
D'Motodays sinn u sech de Salon vum Motorrad hei am Land: wärend zwee Deeg presentéieren d'Marken hir Maschinnen an d'Equipement, wat derzou gehéiert.

Interessant ass, datt d'Motorrieder net just ausgestallt sinn. Et ass och d'Méiglechkeet, eng ganz Rei u Modeller direkt op der Plaz ze testen.

Zu Ettelbréck an der Däichhal dréit sech dëse Weekend alles ëm d’Motorrad
3. Editioun vun de "Motodays"

Am Joer 2000 waren eng 10.800 Motorrieder hei am Land ugemellt. D'lescht Joer waren et mat ronn 28.000 Maschinnen iwwer 150% méi – an Dag fir Dag komme weider Motarden derbäi.

D'Fahrschoulen hunn d'Hänn voll ze dinn. De Max Mayer erkläert, wat e fir e Motorradsfürerschäi maache muss: "Et ginn immens vill verschidde Kategorië vu Fürerschäiner. An dat geet vu just enger Ausbildung fir de B100-Fürerschäin zum Beispill. Wou ee mam Autosfürerschäin sech ka weiderbilden an deem Sënn, andeems ee just siwe Fuerstonne mécht. Bis hin zu deem normalen A2-décke Motorradsfürerschäin. Do ass et natierlech esou, dass een Theorie muss maachen, sechs Stonnen Theorie plus 16 praktesch Farstonnen an deementspriechend och Examen."

Op d'Strooss däerfen déi Jonk eréischt mam Tëff vu 16 Joer un.

Vill éischter hunn d'Jongen a Meedercher vum Trial Club Waarken d'Motorrad entdeckt. De Weekend iwwer weise si, wéi se mat hire Maschinnen iwwer d'Fielse jongléieren.

Back to Top
CIM LOGO