
Mam Ufank vum Fréijoer klëmmt och d’Zuel vun de Motorradsfuerer op eise Stroossen. Gläichzäiteg ginn och nees méi Accidenter gemellt. E Méindeg ass am Nomëtten e Mann vun 30 Joer bei engem Accident um Sennengerbierg ëm d'Liewe komm.
Fir de Laurent Lentz, Direkter vun der Unité de la Police de la Route, ass kloer, wou de Fokus leie muss.
"Also allgemeng um Motorrad ass et ëmmer wichteg, eng defensiv Fuerweis un den Dag ze leeën.“
Motorradsfuerer wieren am Stroosseverkéier méi vulnerabel wéi anerer.
"Opgrond vu senger vill méi klenger Silhouette ass de Motorradsfuerer oft eréischt ganz spéit oder iwwerhaapt net ze gesinn“, erkläert de Laurent Lentz.
Besonnesch no der Wanterpaus wier Virsiicht ugesot. Vill Chauffere missten sech erëm un d’Gefier gewinnen.
"Da soll ee mol lues erëm ufänken."
Riskant Manöver kéinten dobäi séier geféierlech ginn: "Wann een offensiv fiert […], dat ka bal nëmme schif goen.“
Mee net nëmmen d’Motorradsfuerer selwer stinn an der Pflicht. Och d’Autosfuerer solle sech bewosst sinn, dass méi Motocyclisten ënnerwee sinn.
"Et ass fir den Autosfuerer wichteg, de Réckspigel am A ze behalen an och den doudege Wénkel ze consideréieren."
Och d’Vitess vun engem Motorrad wier dacks schwéier anzeschätzen.
Nieft dem Fuerverhale spillt och d’Equipement eng wichteg Roll. E passenden Helm ass obligatoresch, Schutzkleedung staark recommandéiert. Modern Systemer wéi Airbag-Jackette kéinten zousätzlech Sécherheet bidden.
D’Police wäert och dëst Joer nees gezielt Kontrollen duerchféieren, virun allem am Norden an am Oste vum Land, wou vill Motorrad-Strecke sinn. Dobäi ginn och Touristen am A behalen, déi speziell op Lëtzebuerg komme fir ze fueren.
Den Transportministère an d'Sécurité Routière hunn den Ament eng Campagne fir Stroosseverkéierssécherheet mat der Police lafen. Dat ënnert dem Numm: "Ee Bléck méi. Een Accident manner."
Weider Detailer fënnt een um Internetsite.