
Net jidderee wëll alles héieren. D'Autoritéite maachen en Appell fir méi Respekt am Ëffentlechen Transport, notamment wat de Kaméidi ugeet.
Verschidde Comportementer, déi dacks onbewosst geschéien, kéinten aner Leit stéieren, heescht et an engem Schreiwes. Problematesch wier notamment de Gebrauch vum Handy, zum Beispill fir haart Telefonater oder beim Ofspille vu Videoen a Musek, déi haart ofgelauschtert ginn.
Ënner anerem gëtt recommandéiert, diskret ze telefonéieren, Kopfhörer ze benotzen an drun ze denken, datt den ëffentlechen Transport kee privaten Espace ass.
D'Campagne gouf vum Mobilitéits- a Bauteministère lancéiert, an Zesummenaarbecht mat der Transportverwaltung, der Stad Lëtzebuerg, Luxtram, dem Syndicat TICE an den CFL.