Invité vun der Redaktioun (24. Abrëll) - Volker QuaschningMir léieren zanter 50 Joer näischt aus den Energiekrisen

Claude Zeimetz
Um Freideg de Moie war Klimaneutralitéit Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
© Cédric Ferry

"Mer hunn an de leschte 50 Joer ëmmer nees Energie-Krisen gehat, a mer léieren näischt draus", dat sot de Volker Quaschning e Freidegmoien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Den däitsche Professer, deen zanter iwwer 20 Joer schonn zu Berlin iwwer erneierbar Energie fuerscht, schwätzt vun enger Krisen-Amnesie, déi mer hei an Europa wuel hunn. Hien hofft, dass mer elo endlech geléiert hunn, dass mer eis manner ofhängeg vun anere musse maachen.

Dass Europa wierklech nees voll op Atom-Stroum wäert setzen, gleeft den Expert net. Wat d'Bréisseler Kommissioun elo annoncéiert huet, ass fir hien éischter eng Walkampf-Hëllef fir de franséische President.

Och d'Idee vu méi klengen Reakteren géif wéineg bréngen. Solar- a Wand-Energie misste weider ausgebaut ginn. Dofir wieren d'Batterie wichteg, an do hätt sech an der Läscht vill gedoen.

Lëtzebuerg huet sech jo selwer d'Zil gesat, bis 2050 klimaneutral ze ginn.Dat ze erreechen, wier reng eng Fro vum Wëllen, technesch wier et sécher dran. Sech onofhängeg ze maachen vu Pëtrol a Gas géif bedeiten, dass mer och vill méi Planungs-Sécherheet a Stabilitéit bei den Energiepräisser hätten, verséchert de Volker Quaschning.

Um Freideg de Moie war Klimaneutralitéit Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO