Chamberkommissioun fir d’Exekutioun vum Budget befaasst sech mam SportmuséeD'Oppositioun ass onzefridde mat den Äntwerte vun der Regierung

Pit Everling
Raphaëlle Dickes
39 Froen hat d‘Kommissioun der Regierung ugangs dës Joers eragereecht.
Sportsmusée an der zoustänneger Chamberkomissioun
D’Oppositioun ass onzefridde mat den Äntwerte vun der Regierung

Den Dossier Sportsmuséee bleift aktuell. D’Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber ass e Méindeg domadder weidergefuer, fir de Suivi am quokelegen Dossier ze maachen. Do geet et virun allem juristesch Froen, ëm eventuell prozedural Feeler an ëm Responsabilitéiten, spréch: ëm d’Fro, wie wéini wat wousst. Am Coup sinn nieft dem Sportsministère och de Finanzministère an d‘Administratioun vun den ëffentleche Bauten. D’Kommissioun hat der Regierung zeg Froe gestallt. D’Oppositioun ass mat den Äntwerten nawell wéineg zefridden.

Firwat gouf sech fir e Konstrukt engagéiert, bei deem de Staat e fäerdege Projet keeft? Wéi gëtt gerechtfäerdegt, datt just e klengen Deel sollt ausgeschriwwe ginn? Wéi ass et méiglech, datt de Protocole d’accord net vun den néidege staatlechen Instanzen ofgeseent gouf? Firwat stoung do e fixe Montant fir en Terrain a firwat gouf et keng Negociatiounen? Extrem vill Froe stinn am Raum, seet déi gréng Deputéiert Sam Tanson.

Wéi kann et sinn, datt Beamte vun engem Finanzministère a Reunioune fir Saache plädéieren an och an enger ganzer Rëtsch vun esou Workshoppen dobäi schénge gewiescht ze sinn an dann herno awer gesot gëtt, de Finanzminister hätt iwwert näischt Bescheed gewosst.

Fir de Piraten-Deputéierte Marc Goergen stellt sech eng prinzipiell Fro.

Wéi eng Méiglechkeeten hu Promoteuren hei am Land, fir Politiker ze beaflossen, fir herno esou Projeten ze kréien? Et ass jo dat, wat een hei erausliest.

39 Froen hat d‘Kommissioun der Regierung Ugangs dës Joers eragereecht. D’Äntwerte sinn net zefriddestellend, seet d’Oppositioun. Wat d’Opschaffe ugeet, ass d’LSAP-Deputéiert Liz Braz zum Beispill net frou, datt ee keng Detailer iwwert den Avis juridique krut, deen de Sportsministère an Optrag ginn huet an deen nach net prett ass. Fir d’LSAP ass et wichteg, datt eng zweet Meenung gefrot gëtt

Ech si selwer Juristin. Ech weess, wéi en Affekot schafft. Wann ee bezuelt gëtt, fir eppes auszeschaffen, da mécht een dat am Interêt vu sengem Client. An dofir sinn ech der Meenung, datt deen Avis vun der Regierung net duergeet an datt d’Chamber sech hei och iwwer hir eege Moyene soll en Avis ginn, en neutralen Avis.

Dofir sollt déi parlamentaresch Cellule scientifique sech parallel mam Fall befaassen. Ugeschwat gouf och en Avis deen d’Finanzinspektioun zum Projet geschriwwen hat. En Dokument, wat confidentiel ass, wat d‘Deputéiert also net däerfe kommentéieren. Allerdéngs war verschiddene Parlamentarier ofzegesinn, datt de Contenu vun deem Schreiwen net oninteressant ass.

Dofir gouf och vun der Oppositioun gefuerdert, datt dëst Public gemaach gëtt. Fir d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert ass dat awer net néideg.

Ech mengen als Deputéierten hu mer d’ Informatioun kritt, an dat ass dat, wou ech mer soen, ech weess jo fir mech, fir mir e Bild vun der Situatioun ze maachen, weess ech jo, wat am Dossier dran ass. An dat huet eigentlech net den ausschlaggebende Facteur op de Rescht vum Dossier.

Fir de Rescht sollen deemnächst d’Sportsministesch Martine Hansen, de Finanzminister Gilles Roth – allebéid CSV - an d‘liberal Ministesch fir Ëffentlech Bauten Yuriko Backes an d‘Kommissioun invitéiert ginn. D‘Deputéiert vun der Oppositioun hunn och net ausgeschloss, datt eng Enquête-Kommissioun wäert gefuerdert ginn.

Am Dezember zejoert war den CSV-Sportminister Georgesch Mischo zeréck getrueden, well am Dossier “Sportsmusée” prozedural Feeler an aner Ongereimtheeten am Raum stinn.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO