
D'Patrone sollten do Versteesdemech hu fir Leit mat Kanner, déi dann eventuell missten e bësse méi spéit moies ufänken, sou de Claude Meisch.
Donieft sot den Educatiounsminister nach um Méindeg, datt manner wéi d'Hallschent vun de Schüler am Fondamental vun engem Encadrement baussent de Schoulstonne bis zur Summervakanz wäerte profitéieren. Dat hätt d'Ëmfro bei den Elteren erginn, déi zanter Mëtt leschter Woch hir Präferenze fir den Encadrement vun hire Kanner sollten uginn.
Vum 25. Mee u mussen d'Schüler am Fondamental nëmmen nach all 2. Woch vun 8 Auer bis 13 Auer an d'Schoul goen, de Rescht kënne si och doheem encadréiert ginn.
Hei ass eng Iwwersiicht vun den aktuellen Donnéeën:
- 52% vun de Kanner kommen ausschliisslech fir déi obligatoresch Zäit an der Léierwoch (8-13h) a brauche weder eng Betreiung mëttes nach an der Übungswoch.
- 28% vun de Kanner si fir d’Betreiung an der Léierwoch mëttes virgesinn (13-18h).
- 40% vun de Kanner sinn an der Übungswoch moies virgesinn (8-13h).
- 29% vun de Kanner sinn an der Übungswoch mëttes virgesinn (13-18h).
