D'Politik warnt nämlech virun Hoffnungen op grouss Reesen. Zum Beispill hält den däitschen Ausseminister Heiko Maas eng normal Vakanzenzäit am Summer fir onméiglech. D'Leit hei am Land sinn dann och skeptesch fir d'Summervakanz. Mir hu bei de Leit nogefrot.
D'Summervakanz wäert dëst Joer wéinst der Corona-Kris fir vill Mënschen anescht sinn, wéi an de leschte Joren. Vill EU-Länner hu jo Grenzkontrollen agefouert. Aktuell gëtt awer net ausgeschloss, datt d'Grenze fir Touriste virum Summer a sämtlechen EU-Länner nees op sinn, a Reese mat gewëssenen Aschränkunge méiglech sinn. Vill Leit mengen net, datt een am Summer reese kann.
Et wäert ee wuel net wéi gewinnt einfach an den Zuch oder an de Fliger klammen an an d'Vakanz fueren. Experten no wäert den Tourismus an Italien an an Spuenien am Summer nach net méiglech sinn. Dowéinst hoffe vill Leit nees am Hierscht kënnen ze reesen. Een Deel vun de Leit hunn hir Summervakanz no hannen verréckelt.
Déi däitsch Regierung warnt viru groussen Hoffnungen op séier Lackerungen. Et misst een iwwer länger Zäit mat der Pandemie liewen. Mä wat dat fir d'Summervakanz bedeit, wollt d'Regierung net kommentéieren. Déi éisträichesch Regierung iwwerdeems geet dovun aus, datt ee mat Aschränkunge beim Reese muss rechnen, bis et een Impfstoff gëtt.
