De Secteur vun der Horesca, deen hei am Land ronn 2.900 Firmaen duerstellt, vum klengste Café bis zum groussen Hotel, an gutt 18.000 Leit beschäftegt, wäert zu deene gehéieren, déi am schlëmmste vun der sanitärer Kris getraff wäerte ginn. An déi ekonomesch Kris, déi hannen drun erwaart gëtt, riskéiert nach vill weider Affer ze bréngen. Mir hu mat ville Betriber aus der Horesca geschwat, an als Fallbeispill e grousse Lëtzebuerger Familljebetrib aus dem Norden geholl. En Hotel, deen iwwer 50 Leit beschäftegt, an dee säi Benefice haaptsächlech aus den Iwwernuechtungen an dem Evenement-Beräich gezunn huet. Mëttlerweil goufen an deem Betrib schonn iwwert 25 Hochzäiten ofgesot, a ronn 25 Seminairen, dacks fir iwwer 100 Leit, wou och ëmmer Iwwernuechtungen drun houngen. Do awer koum elo schonn 2 Méint kee Sou eran, déi lafend Käschten awer, déi lafe weider.
“Dat deet eis ganz vill wéi, dat muss ech soen.”
Den Temoignage vun onsem Fallbeispill resüméiert dat, wat Patrone vun anere Betriber aus dem Secteur denken, awer net haart soen.
“Et ass net nëmmen de Corona, deen eis ëmbréngt.”
Vill Betriber am Beräich vum Tourismus kämpfen ëm hir Existenz, a si liquidéieren hir Reserven. Och mat allen aktuellen Hëllefe vum Staat kënne si hire Betrib net méi laang um Liewen halen. Déi eemoleg Primm vun 12.500 Euro fir Betriber ënner 20 Leit si just eng Drëps op de waarme Steen. Och all remboursabel Prête vum Staat a vun de Banke si fir vill Patrone keng Léisung.
De Secteur begréisst, dass d'Employéeë vum Chômage partiel kënnen iwwerliewen. D’Patrone selwer awer als Independanten kréien deen net. “D'Part Patronale” vun den Employéeën, déi vum Chômage partiel profitéieren, mussen weider bezuelt ginn. Dat sinn 12,75% wat bei onsem Fallbeispill, dee 50 Mataarbechter beschäftegt, eng Ausgab ass vu bal 20.000 Euro de Mount. Niewebäi géife jo och all weider Fraisen an der Kris weiderlafen, vum klengste Bankkonto bis hin zu den Assurancen an sou weider. Vill Betriber fuerderen, dass de Staat hinnen dës Cotisatiounen ze gutt komme léisst, fir dass et net zu enger Faillite-Well an deem Secteur kënnt.
“Iergendwann musse mer zur Normalitéit kommen, mat allem Risiko deen mer mussen droen!”
Et ass den Ament nach net gewosst, wéini Restauranten an Hotelle kënnen opmaachen, sou wéi och nach keen de Summer ka virausgesinn. Fir Regierung ass et eng Zwéckmillchen tëschent der sanitärer an der ekonomescher Kris, a keen ka viraus gesinn, wat méi e grousse Schued uriicht.
