Eng Persoun konnt gepëtzt ginnVill Abréch vun en Donneschdeg op e Freideg zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Agebrach gouf zu Ettelbréck, an der Stad, zu Stroossen an zu Esch.
© RTL Archiv

Um kuerz no 1 Auer an der Nuecht op e Freideg gouf zu Ettelbréck en Abroch an engem Eefamilljenhaus an der Grand-rue gemellt. Eng Sich nom Täter, dee geflücht ass, gouf ageleet. Spéider konnt och tatsächlech eng verdächteg Persoun mat geklaute Saache festgeholl ginn a koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.

Géint 3.40 Auer ass en Abriecher an eng Wunneng an der Rue des Etats-Unis an der Stad agebrach, dat wärenddeem e Bewunner am Haus geschlof hat. Warscheinlech well d'Luuchten ugemaach goufen, ass dësen erwächt. Ma zu deem Zäitpunkt hat den Täter sech scho mat de geklaute Géigestänn ewechgemaach.

En Donneschdeg den Owend gouf dann an e weidert Haus an der Rue de la Deportatioun an der Stad agebrach. Dobäi gouf en Zonk beschiedegt, well e puer onbekannte Persounen hanne beim Haus wollten abriechen. Alleguerten d'Raim goufen duerchwullt an eng Partie Saache goufe geklaut an och futti gemaach.

Agebrach gouf och zu Stroossen an der Rue des Romains, dat an en Eefamilljenhaus. D'Aganksdier gouf hei opgebrach. Ob Wäertgéigestänn geklaut goufen, ass bis ewell nach net gewosst.

En Donneschdeg de Moie sinn een oder e puer Abriecher iwwert d'Récksäit an en Haus an der Rue de l’usine zu Esch agebrach. Den Täter konnt Wäertgéigestänn klauen an onbemierkt flüchten.

An alle Fäll goufe Spueren op der Plaz geholl, Ermëttlungen ageleet an eng Plainte deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO