
Du wëlls méi gewuer ginn iwwert d‘“Bonnes Actions“ vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an Zäiten vu Corona a Confinement? An du wëlls wësse firwat mir bei de Guiden a Scouten vu Verspriechen oder Engagement schwätzen? A firwat et e schéint Symbol ass, fir grad elo d‘Traditioun vun eiser Éischt-Mee-Feier an der Scoutskapell vum nationalen Animatiouns- a Formatiounszenter um Neihaischen aneschters wéi soss z'erliewen?
Dat huet vill mat „Learning by doing“ ze dinn oder zesummen Iddien sichen, zesumme eng Aktivitéit plangen an se dann och zesumme maachen an herno perséinlech driwwer nodenken, wat ee gemaach huet…
Dat huet och eppes mat „Ëmmer Bereet“ ze dinn oder verspriechen säin Bescht ze ginn.
Dat heescht och, datt ee sech freet, wéi wäit een als Guide a Scout, als Cheftaine a Chef, sech benevole an den Déngscht vun der Gesellschaft engagéiert, a gudde wéi a schwéieren Zäiten.
De Film iwwert ons Éischt-Mee-Feier-2020 ass elo an der Këscht an du fënns bestëmmt e puer Äntwerten op deng Froen. Kuck der WoGoDi un, lauschter no a maach mat.
A wann et der gefall huet, da schwätz mat, fir datt s du och d’nächste Kéier mat dobäi bass, wann et nees heescht „Éischt-Mee-Feier um Neihaischen“.
