DoctenaVideo-Consultatiounen als neie Feature

RTL Lëtzebuerg
D'App a Website ronderëm medezinesch Déngschter zu Lëtzebuerg huet vun e Freideg de Moien un en neie Feature: d'Video-Consultatioun.

Bei dësem neien Outil sollen d'Consultatioune fir de Patient, ma och fir d'Doktere méi zougänglech gemaach ginn. D'Prozedur ass u sech ganz einfach: nodeems een e Rendez-vous online ausgemaach huet, klickt een op "Video-Consultatioun" amplaz op déi normal. Dëst gemaach, kritt de Patient e séchere Link zougeschéckt, wourop en een direkten Channel fënnt, op deem en dann zu dem Zäitpunkt vum Rendez-vous mam respektiven Dokter/respektiver Doktesch a Kontakt triede kann.

An dëser virtueller Praxis leeft dann eng gängeg Consultatioun of, ebe just online an iwwer Smartphone oder Computer.

Beim Start e Freideg waren eng 100 Doktere fir eng Video-Consultatioun am System gespäichert. D'Entreprise gëtt vum Nationale Gesondheetsfong ënnerstëtzt.

PDF: Offizellt Schreiwes vun Doctena op Franséisch

Back to Top
CIM LOGO