Petitioun géint geplangte Schoul-OuvertureVertriederinne goufe gehéiert, ma et bleift bei Decisioun vu Regierung

Christophe Hochard
Eréischt am September sollen d'Schoulen an d'Betreiungsstrukturen zu Lëtzebuerg nees opmaachen, dat fuerdert d'Petitioun 1550.
Iwwer 6.500 Ënnerschrëften
Eréischt am September sollen d'Schoulen an d'Betreiungsstrukturen zu Lëtzebuerg nees opmaachen, dat fuerdert d'Petitioun 1550.

Elo sinn awer schonn zanter dësem Méindeg déi éischt Schüler nees zeréck an de Schoulen. Dowéinst hunn d'Ministere Paulette Lenert a Claude Meisch en Donneschdeg de Moien um 9 Auer eng Delegatioun vun de Petitionäre getraff.

De 16. Abrëll goung d'Petitioun online a kennt zanterhier grousse Succès. D'Schüler aus de Lycéeën an aus dem Fondamental protegéieren: dës Iddi stécht hannert der Aktioun, déi vum Lidia Garcia lancéiert gouf. De Petitionäre geet et awer virun allem ëm d'Kanner bis 6 Joer.

Annerhallef Stonn souze béid Delegatioune ronderëm en Dësch an hunn Argumenter a Géigenargumenter virgedroen. Fir béid Säiten ass et kloer, dass et net einfach gëtt bei der Betreiung vun de Kanner aus dem Cycle 1. A klenge Gruppe soll geschafft ginn.

Claude Meisch:"Datt mir déi Gruppen isoléieren no baussen, fir no banne méi familiär kënne mateneen ze schaffen an dann net permanent op Distanz musse beieneen ze bleiwen, net permanent de Mondschutz mussen unzehalen, well dat mengen ech och aus enger pedagogescher Siichtweis net gutt wär fir Kanner."

D'Gesondheetsministesch huet de Petitionären erkläert, dass si vill mat Dokteren an Experten a Kontakt waren a sinn an Etüden ausgewäert hunn. Ufanks gouf jo gesot, dass Kanner Facteurs de risque wiere fir aner Leit, mä déi lescht Etüden hätte gewisen, dass dëst awer net de Fall wier.

D'Servicer aus dem Educatiouns- a Gesondheetsministère schaffe sanitär Pläng aus, déi fir Kanner bis 6 Joer verständlech sinn.

Paulette Lenert:"Ganz vill Froen, déi d'Leit sech elo stellen, déi wäerten Äntwerte kréien. Do musst Dir eis just nach e bëssen Zäit loossen. D'Ekippe schaffen intensiv dorobber, fir justement mat Mesuren ze kommen, déi differenzéiert sinn, déi wäerten net eng wéi déi aner sinn. Et gëtt och gekuckt (...) mat den Acteuren, déi do sinn, wat par rapport zu de Gebailechkeete méiglech ass. Et ass och vill Kreativitéit gefrot."

D'Petitionäre ware frou, gehéiert ze ginn, verspieren awer och eng gewëssen Enttäuschung. Si hätte sech gewënscht, dass d'Grondschoulen nach bis den Hierscht zoubliwwe wären.

"Schoule mussen nees virun der Summervakanz opgoen"
D'Schoule mussen nees virun der Summervakanz opgoen – do ware sech all d'Parteien an der Chamber eens. Mä et ginn Nuancen tëscht de Fraktiounen.

RTL-NEWS: Minister Claude Meisch empfänkt Petitionärin nächst Woch
RTL-NEW: Petitioun, fir dat Schoule bis September zoubléiwen, muss diskutéiert ginn
RTL-NEWS: Enseignanten an Eltere froen, dass keng Schoul méi soll bis September opgoen

Back to Top
CIM LOGO