Aus dem PolicebulletinVerstéiss bei Kontrolle vun E-Trottinetten, Permis no Farerflucht agezunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police an hirem Bulletin mellt, goufen en Donneschdeg am Nomëtteg zu Réimech a Munneref Verkéierskontrolle mat Fokus op déi sougenannt "Mobilité douce" duerchgefouert.
© Police Lëtzebuerg

Méi konkreet si virun allem E-Trottinette kontrolléiert ginn. Bei véier Trottinette gouf festgestallt, datt d’Héchstgeschwindegkeet déi gesetzlech maximal erlaabten Héchstgeschwindegkeet iwwerschridde gouf. Bei dräi anere goufe Lacunne bei der Beliichtung constatéiert an et gouf Protokoll erstallt.

Ee weidere Protokoll gouf iwwerdeems erstallt, well op enger Trottinett zwou Persoune gefuer sinn.

Liest dozou och dësen Artikel:

Alkohol um Steier

Donieft hat d’Police et awer och nach mat Chaufferen ze dinn, déi ze déif an d’Glas gekuckt haten. En Donneschdeg den Owend war dat de Fall am Raum Krautem, wou en alkoholiséierte Chauffer an der Hellenger Strooss ugehale gouf. No engem positiven Alkoholtest gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt. Wéi d’Police schreift, hätt hie sech immens onkooperativ verhalen a gouf no enger Kontroll beim Dokter an Arrest bruecht.

Dee selweschten Owend war an der Rue Michel Weber zu Ettelbreck en Accident gemellt ginn, bei deem en alkoholiséierte Chauffer géint e geparkten Auto gerannt ass an doropshi Farerflucht gemaach huet. Hie konnt kuerz duerno vun enger Policepatrull ugetraff ginn a krut no engem positiven Alkoholtest de Fürerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO