PolicebulletinVersicht Déifställ a Geschäfter, Member vu Sécherheetspersonal mat Sprëtz blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend koum et an der Stad an zu Stroossen zu versichten Déifställ aus Geschäfter.
© Laurent Weber

Sou zum Beispill an enger Tankstell op der Areler Strooss zu Stroossen, wou e Mann gemellt gouf, dee versicht huet, eng Rei Alkoholfläsche matgoen ze loossen. Eng Patrull vun der Police konnt hie kuerz duerno stellen an hie mat weideren Déifställ vun anere Plazen a Verbindung bréngen. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Eng weider Festnam no engem versichten Déifstall mat Kierperverletzung gouf et dee selwechten Owend géint 18.50 Auer op der Place Guillaume an der Stad. Den Déif ass engem Member vum Sécherheetspersonal géigeniwwer handgräiflech ginn an huet dës och mat enger Sprëtz blesséiert. Eng Patrull vun der Police koum op d’Plaz a konnt d’Sprëtz wéi och déi geklaute Géigestänn sécherstellen. Och hei gouf de Verdächtege festgeholl a koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter. Dat blesséiert Affer koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO