
Et gëtt effektiv verschidden Entreprisen, déi hir Demande op Kuerzaarbecht refuséiert kruten, dat äntweren de Wirtschaftsminister Franz Fayot an den Aarbechtsminister Dan Kersch op eng urgent parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Laurent Mosar a Marc Spautz. Déi hate vu Betriber héieren, déi keen Urecht op Chômage partiel unerkannt kruten, well se nëmme wéineg vun der Pandemie betraff wieren. D'Majoritéit vun de Betriber, déi dat froen, kann der Regierung no och vun der Kuerzaarbecht profitéieren. D'Chifferen, wéi vill Demanden ofgewise ginn, géife reegelméisseg vum Konjunkturkommitee verëffentlecht ginn.
Zu de Secteuren, déi net oder wéineg duerch d'Pandemie betraff sinn, zielen déi zwee LSAP-Politiker zum Beispill Fiduciairen, Consultingfirmen, Comptabelen an Immobilienagencen, grad wéi Aktivitéite an der Telefonie an dem Internet. Och hätte verschidde Betriber hir Demande refuséiert kritt, well déi aner aus dem selwechte Beräich dat net gemaach hunn, fir do keng deloyal Konkurrenz ze schafen. All dës Decisioune wieren an der Regierung op Basis vun engem Avis vum Konjunkturkommitee geholl ginn. Et wier och net irrealistesch, datt Betriber bis Enn des Joers Redressementspläng virleeën. Si kéinte sech op e vereinfachte Modell baséieren an 34 Entreprisen hätten dat am November och scho gemaach. Sollt d'Regierung op de Wee goen an nach méi streng Mesuren decidéieren, kéint och d'Kuerzaarbecht am Accord mat de Sozialpartner adaptéiert ginn, heescht et nach vun de Ministere Kersch a Fayot.
