
Déi betraffe Leit sollen an der internationaler Bodybuilding-Zeen mat Dopping-Mëttele gehandelt hunn.
Dat schreift de L’Essentiel a berifft sech op Aussoe vun der franséischer Justiz.
D’Leit wieren am Groussraum Paräis, am Elsass, a Südfrankräich, an der Belsch an eben och hei am Grand-Duché vun der Police matgeholl ginn.
Bei Perquisitioune wieren och wäit iwwer 100.000€ Boergeld, an anabol Produite wéi Steroiden oder Wuesstums-Hormoner confisquéiert ginn.
D’Enquêteure wieren de presuméierten Dealer op d’Spur komm, nodeems zwou Holdingen hei zu Lëtzebuerg, an e Labo a Frankräich iwwerwaacht goufen.
