
Am Norde vum Land goufen zanter leschter Woch véier Källwer gerass. Wéi RTL vun zwou Sourcë vun der Plaz matgedeelt krut, wieren d'lescht Woch tëscht Bruechtebaach an Eschweiler dräi Källwer gerass ginn. E Méindeg wier dann nach ee weidert dobäi komm. Op Fotoen, déi e Méindeg op der Plaz vum leschten Tëschefall gemaach goufen, ass en Déier ze gesinn, deem säi Fleesch deels bis op d'Schanken erof geknat gouf.
Bei de concernéierte Baueren, geet een dovun aus, dass e Wollef d'Béischte gerass huet. Eng offiziell Confirmatioun gëtt et allerdéngs nach net. Wéi eis d'ANF op Nofro hi confirméiert, krut een déi gerasse Källwer gemellt an et géif een den Ament Analyse maachen, fir ze confirméieren, ob effektiv e Wollef responsabel ass.
Hei déi komplett Äntwert, déi mir vun der ANF kruten:
"Mir confirméieren datt der Naturverwaltung ugangs leschter Woch 3 gerasse Källwer a gëscht ee weidert gerassent Kallef am Raum Brachtenbach gemellt goufen. Eis Experten waren och op der Plaz fir déi néideg Prouwen ze huelen. Dës sinn den Ament an engem spezialiséierte Labo amgaang analyséiert ze ginn fir ze kucken ob et sech ëm e Wollef gehandelt huet. Sou laang keng Resultater heivu virleie kënne mir eis deemno net heizou prononcéieren."