
E Samschdeg de Mëtteg um kuerz no 15 Auer gouf der Police en Accident zu Mäertert gemellt. An der Rue du Parc krute sech e Camion an a Cyclist ze paken.
Éischten Informatiounen no huet de Vëlosfuerer eng Verkéiersinsel net gesi kommen, ass gefall a gouf dobäi géint e Camion geschleidert, dee laanscht gefuer ass.
De Vëlosfuerer gouf heibäi uerg blesséiert a koum, no enger éischter Behandlung nach op der Plaz, an d’Spidol.