
Kuerz no 17 Auer gouf tëschent Béiweng a Réiser eng Persoun blesséiert, wéi se mat enger elektrescher Trottinette gefall ass. D'Secouriste vum Réiserbann a Beetebuerg waren am Asaz.
Géint 17:15 Auer sinn d'Rettungsekippe vu Kielen a Mamer op den CR102 geruff ginn nodeems hei zwee Autoen aneneegerannt sinn. Eng Persoun gouf verwonnt.
Zwee Blesséierter goufen et dann nach am fréie Mëttwochmoien, géint 4:10 Auer tëschent Keespelt a Schëndels, wéi hei zwee Autoen aneneegerannt sinn. Am Asaz waren d'Secouriste vu Koplescht a Miersch.
D'Nordstad-Rettungsekippe goufe géint 6:12 Auer an d'Kanalstrooss zu Ettelbréck geruff, well hei eng Persoun blesséiert gouf nodeems en Auto géint e Potto gerannt ass.
Déi selwescht Secouristen haten da kuerz viru 7 Auer zesumme mat de Feelener Pompjeeën en Asaz um CR345 tëschent Uewerfeelen an Ettelbréck, well hei en Auto op der Kopp louch. Eng Persoun gouf verwonnt.