E gréisseren Asaz fir d’Secouriste gouf et e Freideg den Owend zu Bieles géint 23.20 Auer: Den Daach vun engem Gebai an der Rue des Alliés hat Feier gefaangen, véier Leit goufe blesséiert. D’Rettungsekippen aus der ganzer Ëmgéigend ware mobiliséiert ginn an och de SAMU war op der Plaz, mellt de CGDIS.
RTL-Informatiounen no war d’Feier an engem Hotel-Restaurant, deen an der Suite vum Feier op onbegrenzt Zäit muss zoubleiwen. An engem Gespréich sot de Patron RTL géigeniwwer, hie wier eng vun de véier Persoune gewiescht, déi fir eng Kontroll an d’Spidol komm wieren. Eng Persoun hätt nach fir weider Tester misse bleiwen.
Zum Zäitpunkt vum Feier wiere siwe Kummere besat gewiescht. D’Gäscht wieren op aner Hoteller an der Géigend verdeelt ginn. Well den Hotel-Restaurant zoubleiwe muss, wieren elo 16 Persounen am Chômage technique, esou de Patron. Fir den Etablissement a seng Employén ass e Samschdeg de Moien eng Online-Spendenaktioun lancéiert ginn.
Detailer waren e Samschdeg de Moien op RTL-Nofro keng vun der Police ze kréien, ma an der Mëttesstonn hu si an hirem Bulletin gemellt, datt et am Zesummenhang mam Feier eng Festnam gouf.
Wou d’Beamten e Freideg den Owend op der Plaz ukoumen, haten all d’Leit den Hotel scho verlooss, bis op eng Persoun, déi mat der Dréileeder misst gerett ginn. Op der Plaz hätten d’Beamten eng Koppel ugetraff, déi am Hotel waren. Eng vun den zwou Persounen huet der Police géigeniwwer schliisslech zouginn, d’Feier geluecht ze hunn. Si gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an gëtt et Samschdeg am Nomëtteg dem Untersuchungsriichter virgefouert. De Parquet huet d’Enquête un d’Kriminalpolice ginn.
De CGDIS war an der Nuecht mat engen 80 Pompjeeën am Asaz, fir de Flame bäizekommen. Ënnerstëtzt goufen d’Leit vum Buedem vum Centre de soutien logistique (CSL) a vun der Drone-Spezialitéit (Groupe d’appui technologique opérationnel), preziséiert de CGDIS e Samschdeg de Moien an engem Post an de Soziale Medien.
Wou d’Secouristen op d’Plaz koumen, hätt den Daach schonn hell gebrannt an eng Persoun hätt misse mat enger Dréileeder aus dem brennende Gebai gerett ginn. Si hat eng méi schwéier Dampvergëftung. Duerch de séieren Asaz vun de Secouristen aus aacht Asazzenteren hätt kënne verhënnert ginn, datt d’Feier op aner Gebaier iwwerspréngt, heescht et vum CGDIS.
Zu engem éischten Accident koum et e Freideg den Owend géint 18.45 Auer zu Dikrech an der Rue de Stavelot. Bei der Kollisioun tëscht zwee Autoen sinn zwou Persoune blesséiert ginn. Kuerz Zäit drop, géint 19.25 Auer, sinn um CR144 tëscht Éiter a Kanech nach emol zwee Autoen anenee gerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Zwee Blesséierter goufen et dann nach emol géint 20.30 Auer bei engem Accident mat engem Auto tëscht Housen an Uewereesbech.
Um kuerz viru Mëtternuecht ass op der Areler Strooss tëscht Mamer a Capellen dann nach ee Motocyclist gefall a gouf blesséiert.